❗ Montée

🇱🇺 MONTEE: 09h00-16h00 am Ellergronn

Léif Biber, Wëllfcher, Avex, léif Elteren
Den 22. Oktober ass et erëm Zäit fir eis Montée. Wat ass eng Montée? Montée ass bei den LGS (Lëtzebuerger Guiden a Scouten) den Iwwergang vun enger Branche an déi aner. Meechtens steet d’Montée ënnert engem gewëssen Thema an gestallt sech an Form vun engem Trëppeltour mat Aufgaben/Challengen ënnerwee. Um Enn vun der Montée kréien déi Scouten/Guiden, déi hier Montée gemaach hunn, dann hieren Foulard an den Badge vun der neier Branche iwwerreecht.
Start: 09h00 beim Centre Natur et Forêt am Ellergronn (Rue Jean-Pierre Bausch
L-4114 Esch-sur-Alzette) 
Schluss: 16h00 beim Centre Natur et Forêt am Ellergronn
Wat muss ech matbréngen? 
○ Klenge Rucksack mat vollem Bidon, Picknick fir den Dag
○ Kleeder passend zum Wieder (mir sinn de ganzen Dag dobaussen)
○ Gutt Schong (mir sinn de ganzen Dag ënnerwee)
○ Gutt Laun

Datum

Oct 22 2022
Expired!

Zäit

9:00 - 16:00

Submit a Comment