❗Pèlerinage des Jeunes

WAT ass den Péle des Jeunes?

De Péle des Jeunes ass wéi de Numm et seet en Pélerinage, also eng “Pilgerrees”. Mir “pilgeren” zesummen an d’Stad (+/- 25 km) fir Sonndes, den 30. Abrëll un der Oktavmass deel ze huelen. Wat ass lo sou besonnesch dodrunner? Besonnesch ass, dass mir an der Nuecht pilgeren, fir pünktlech Moies um 07h30 an der Stad ze sinn.

WOU an WÉINI geet et lass?

Wéini: Sonndes, den 30. Abrëll um 01h00
Wou: Chalet Hondsbësch

Mir starten an der Nuecht vu Samschdes op Sonndes, den 30. Abrëll um 01h00 beim Chalet Hondsbësch zu Nidderkuer. Den Treffpunkt ass um 00h45, fir dass mir pünktlech fortkommen an eis net stressen mussen.  No der Oktav maache mir nach e klengen Tuer iwwert den Maart an der Stad an dann ginn mir op den Zuch/Bus fir Heem – mir kontaktéieren iech dann per SMS soubal mir Sonndes um Réckwee sinn.

WICHTEG Informatiounen:

◊ Et ass wichteg, dass d’Avex virdrun ebëssi schloofen – aus jorelaanger Erfarung kënne mir soen dass en Avex (an och e Carapio oder Raro) den Wee net packt, wann en net virdrun geschlof huet.

◊ Gutt Schong: et musse keng Biergschong sinn, dat wichtegst ass, dass et Schong sinn, wou een weess dass een gutt an laang kann dran trëppelen!

◊ Falls äert Kand/ du den Wee net packs an ënnerwee muss ofbriechen, ass et un Iech äert Kand sichen ze kommen (och wann et 3 Auer an der Nuecht ass)

MATERIALLËSCHT:

◊ Klenge Rucksak
Picknick fir de Wee
Bidon mat Waasser
Uniform + Foulard
Reenjackett
Ersatzpullover (et gëtt méi kal wéi een mengt)
Evtl. ebëssi Täschegeld fir den Maart

UMELDUNG beim jeweilegen Chef

Datum

Apr 30 2023
Expired!

Zäit

1:00

Plaz

Chalet Hondsbësch
175, av. de la Liberté L-4602 Niederkorn
Website
https://deifferdeng.lgs.lu/hondsbesch.lu/

Submit a Comment