Pèlerinage des Jeunes

WAT ass den Péle des Jeunes?

De Péle des Jeunes ass wéi de Numm et seet en Pélerinage, also eng “Pilgerrees”. Mir “pilgeren” zesummen an d’Stad (+/- 25 km) fir Sonndes den 8. Mee un der Oktavsmass deel ze huelen. Wat ass lo sou besonnesch dodrunner? Besonnesch ass, dass mir an der Nuecht pilgeren, fir pünktlech Moies um 07:30 an der Stad ze sinn.

WOU an WÉINI geet et lass?

Mir starten an der Nuecht vu Samschdes op Sonndes, den 8. Mee um 01:00 beim Chalet Hondsbësch zu Nidderkuer. Den Treffpunkt ass um 00:45, fir dass mir pünktlech fortkommen an eis net stressen mussen.  No der Oktav maache mir nach e klengen Tuer iwwert den Maart an der Stad an dann ginn mir op den Zuch/Bus fir Heem – mir kontaktéieren iech dann per SMS soubal mir Sonndes um Réckwee sinn.

WICHTEG Informatiounen:

  • Et ass wichteg, dass d’Avex virdrun ebëssi schloofen – aus jorelaanger Erfarung kënne mir soen dass en Avex (an och e Carapio oder Raro) den Wee net packt, wann en net virdrun geschlof huet.
  • Gutt Schong: et musse keng Biergschong sinn, dat wichtegst ass, dass et Schong sinn, wou een weess dass een gutt an laang kann dran trëppelen!
  • Falls äert Kand/ du den Wee net packs an ënnerwee muss ofbriechen, ass et un Iech äert Kand sichen ze kommen (och wann et 3 Auer an der Nuecht ass)

MATERIALLËSCHT:

  • Klenge Rucksak
  • Picknick fir de Wee
  • Bidon mat Waasser
  • Uniform + Foulard
  • Reenjackett
  • Ersatzpullover (et gëtt méi kal wéi een mengt)
  • Evtl. ebëssi Täschegeld fir den Maart

UMELDUNG iwwer SMS um +352 691 874 457

Datum

May 08 2022
Expired!

Zäit

1:00

Plaz

Chalet Hondsbësch
175, av. de la Liberté L-4602 Niederkorn
Website
https://deifferdeng.lgs.lu/hondsbesch.lu/

Submit a Comment