❗ Sträiss schneiden

Léif Avex, Carapio, Raro a Chef,

Samschdes, den 15. November ginn mir d’Gréngs fir eis Adventskränz sichen. Dëst Joer kënne mir d’Beem zu Déifferdeng am Bësch huelen, well d’Beem déi mir viru puer Joer ugeplanzt hunn grouss genuch ginn sinn.

Start: 8h30 beim Chalet Hondsbësch

Schluss: 12h00 beim Chalet Hondsbësch

Wat muss ech matbréngen?
○ Rucksak mat vollem Bidon, Täschemesser
○ Kleeder passend zum Wieder (mir sinn de ganzen Moien dobaussen)
○ Foulard

Datum

Nov 15 2025

Zäit

8:30 - 12:00

Submit a Comment