75 Joer Déifferdanger Scouten

Am Oktober 1932 ass d’Troupe Ste Barbe gegrënnt ginn. Hei e puer Fotoen aus der Ufankszeit.

Chronik vun den Déifferdanger Scouten vir d’Joeren 1932-1940 

wéi se an der Brochüre zum 50 Anniversaire steet

An den Joeren 1931 an 1932 sin am “Bibelchen” dem kathouleschen Jünglingsveräin vun deemols ëmmer méi Stëmmen opkomm fir hei zu Déifferdang eng Scoutstrupp ze grënnen. De President vun deemols, Sepp Kremer, e ganz aktive Mensch, woar och ganz derfun ageholl, ower den Här Paschtouer Olinger woar guer net derfun ageholl. Wéi am Summer 1932 zu Lampech de Generalcamp vun den Lëtzebuerger Scouten ofgehal gin as, du sin en etlech 20 Jongen an zwee Meedercher zu Fouss op Lampech getrëppelt, an hun sech déi Sach emol ugekuckt an och éischt Kontakter geholl.

Nodeem dat Ënn September d’FNEL dun eng Zuel intersséiert Leit an den Café Dominicy geruff haat, an no en etlech Propagandarieden se wollt an hir Trupp engagéieren, si mer un den Här Kaploun Eugène Frising erugetratt, fir datt dee sollt Damp derhannert maachen, an den Här Paschtouer sollt ëmstëmmen.

Esou as et zu der Grendungsversammlung am Veräinshaus komm, déi Ufank Oktober woar.

Den zoustännegen Scoutscommissair fir den Süden Edmond Gillian vu Péiteng, den Georges Clees vum Comptoir d’achat, den Aumonier Biel, de Jules Wilhelm an den Maurice Jungers vun der Käler Trupp an och e puer Jongscouten vun der frëschgegrënter Trupp vun Nidderkuer mat hierem Master Aimé Fabeck hun fir d’Animatioun gesuergt, wouropp dann déi éischt Patrull provisoresch opgestallt gouf. Et hate sech ganz vill Jongen spontan gemëllt, mä den Här Paschtouer Olinger woar der Meenung et därften der fir unzefänken net mé wéi zing sin!

 

E Mount méi spéit goufen dann nach acht Jongen derbäigeholl. Bis dohin waren d’Réuniounen ënner fräiem Himmel, resp. am “Bibelchessall”. Du krute mer eng Späicherkummer iwert der Bühn vum Veräinshaus geraumt, an hun ugefaang déi am d’Réi ze setzen.

Eng éischt Sortie woar e Fousstour op Simmern, wou mer e Week-end an enger Fielsenhiel beim Schlass gehaust hun.

Am Februar 1933 koum vu Garnich e jonge Mënsch bei den Här Aumonier, soot hie wär schon e puer Joer Scout zu Garnich, a wier bereet Chef vun der neier Trupp vun Déifferdang ze gin. Et war den ADY CLAUDE, dien mer direkt Dulles genannt hun.

E Comité protecteur gouf geschaafen mat dem Här Dr. Ketter als Truppendokter, dien eis gläich eng Sekuristenausbildung gin huet. Aner memberen vun dem Grémium waren: Sepp Kremer, Désiré Fey, P.Biel, Chretien, Leyder, Reckinger, R.Pepin, N.Doppelmann, Batty Siedler. Besonnesch duerch de läschtgenannten, dien Chefmagasinier op der HADIR woar, krute mer Pionéiermatérial a Mass.

Am Comptoir d’achat hu mer eis dun e Scoutsfändel kaaft an den 19.3.33 op Jousephsdag woar grouss Verspriechensfeier am Bouwenschoulhaff, wou all Nopeschtruppen derbäi waren.

Pällemsondeg 1933 gouf den Grondstän vun der Fousbanner Kiirch gesaat. Dat grousst hölzent Kreiz wat do opgeriicht gouf, hun d’Scouten gedroen an hun, nodeem se et an de Buedem opgeriicht haten, hannendrun Spaléier gestan. Iwregens waren d’Scouten demols fir den Här Olinger nëmmen do fir Spaléier ze stoen, den Himmel an d’Fändelen ze droen, d’Kiircheregester “à jour” ze setzen, Pilgerzig z’organiséieren asw. Den déiwere Senn ass him entgaangen. Duerfir si mer ganz vill an d’Formatiounsweekender op Differt an d’Missiounsschoul gaangen. Do hun d’Pateren, de Paschtouer vu Bébange a qualifizéiert Masteren aus der Belscht, aus der Lonkecher Géigend an aus Lëtzebuerg e ganz aktiven Scoutszentrum geschaafen.

Den 21 Mä 1933 ass aus de klenge Kräizritter d’Wëllefchesmeute “Don Bosco” erfirgaangen an hiren éischten Akela war de Raymond Pepin, assistéiert vum Nic. Goergen an Niny Meunier, dat kurz drop déi Nidderkuerer Meute iwerholl huet.

1934 haate mer Campingen zu Giewel, zu Heeschdref bei Walfer a besonnesch de Generalcamp zu Lampech. Den Här Aumonier E.Frising gët Paschtouer genannt a versaat. Den Här Marcel Keiser get Kaploun genannt an Aumonier. Den éischte Wëllefcherscamp ass an der Fiels, duerno een zu Beschduerf, spéider een zu Roudemer bei Olingen.

 

D’Scoutstrupp déi an där Zäit staark gewuess ass, huet 1935 e Camp zu Roudersen (Our) an am Summer e ganz groussen Regionalcamp um Fousbann an den Woiwerwisen. 1936 wéi de Raym Pepin an de Seminair agetrueden ass, huet den René Wagner aus der Gaardestrooss d’Meut iwerholl.

Um Kiirchbiergzu Nidderkuer hu mer mat der Nidderkuerer Trupp eng grouss verspriechensfeier mat der Präsenz vum Chef Scout Al Hentgen. Zu Fëschbesch (Miersch) woar e grousse Päischtcamp vun der ganzer Trupp.