❗AVEX SORTIE – ⛸️

Léif Avex, léif Elteren

Den 14ten Januar ginn mir op d’Kockelscheier (42, rue de Bettembourg, L-1899 Luxembourg) Schlittschong fueren. Mir treffen eis um 14h00 beim Agang vun der Kockelscheier. De Schluss ass um 16h30 erëm beim Agang vun der Kockelscheier.

Umellen/ofmellen bis spéitstens den 12/01/2022.

Fir ze vermeiden, dass jiddereen mat engem Auto kënnt, géingen mir eis freeën, wann dir Fuergemeinschaften fir dohinner an zeréck organiséiert.

Mir kommen mat Foulard. Wann dir selwer är eegen Schlittschong matbréngt, dann sot w.e.g. Bescheed. D’Entrée fir op d’Schlittschongpiste (an och d’Léinen vun de Schong) gëtt vun eiser Keess iwwerholl.

Datum

Jan 14 2023
Expired!

Zäit

14:00 - 16:30

Plaz

Patinoire Kockelscheuer
42, rue de Bettembourg, L-1899 Luxembourg
Kategorien

Submit a Comment