❗Buergbrennen 2024 – Virbereedungen
Léif Avex, CaraPio, RaRo, Chef, léif Elteren
️ Carapio, Raro a Chef treffen sech um 08h30 beim Chalet Hondsbësch fir d’Material opzelueden.
️ Avex komme fir 09h00 op den Metzkimmert zu Déifferdeng.
Dat ganzt dauert warscheinlech bis ongeféier 16h00. Fir d’Mëttegiessen ass gesuergt. Sot eis w.e.g bis den Mëttwoch (14/02) Bescheed, ob dir derbäi sidd a wad dir iessen wëllt (Mettwurscht, Lëtzebuerger Grillwurscht, Gefliggelwurscht oder Vegetaresch)
Bréngt folgend Saache mat: Rucksak, Bidon mat Waasser, Snack fir de klengen Honger, Becher, Täschemesser a Foulard. KENG NEI KLEEDER undoen an och gutt waarm apaacken, mir sinn de ganzen Dag dobaussen.