❗Buergbrennen 2024 – Virbereedungen

Léif Avex, CaraPio, RaRo, Chef, léif Elteren

Carapio, Raro a Chef treffen sech um 08h30 beim Chalet Hondsbësch fir d’Material opzelueden.
Avex komme fir 09h00 op den Metzkimmert zu Déifferdeng.

Dat ganzt dauert warscheinlech bis ongeféier 16h00. Fir d’Mëttegiessen ass gesuergt. Sot eis w.e.g bis den Mëttwoch (14/02) Bescheed, ob dir derbäi sidd a wad dir iessen wëllt (Mettwurscht, Lëtzebuerger Grillwurscht, Gefliggelwurscht oder Vegetaresch)

Bréngt folgend Saache mat: Rucksak, Bidon mat Waasser, Snack fir de klengen Honger, Becher, Täschemesser a Foulard. KENG NEI KLEEDER undoen an och gutt waarm apaacken, mir sinn de ganzen Dag dobaussen.

Datum

Feb 17 2024
Expired!

Zäit

8:30 - 16:00

Plaz

Centre Natur et Forêt Ellergronn

Organisator

Commune de Differdange

Other Organizers

Gemeng Déifferdeng

Submit a Comment