❗Pèlerinage des Jeunes
WAT ass den Péle des Jeunes?
De Péle des Jeunes ass wéi de Numm et seet en Pélerinage, also eng “Pilgerrees”. Mir “pilgeren” zesummen an d’Stad (+/- 25 km) fir Sonndes, den 21. Abrëll un der Oktavmass deel ze huelen. Wat ass lo sou besonnesch dodrunner? Besonnesch ass, dass mir an der Nuecht pilgeren, fir pünktlech Moies um 07h30 an der Stad ze sinn.
WOU an WÉINI geet et lass?
Wéini: Sonndes, den 21. Abrëll um 00h15
Wou: Bréck beim Chalet Hondsbësch
Mir starten an der Nuecht vu Samschdes op Sonndes, den 21. Abrëll um 00h30 bei der Bréck beim Chalet Hondsbësch zu Nidderkuer. Den Treffpunkt ass um 00h15, fir dass mir pünktlech fortkommen an eis net stressen mussen. No der Oktav maache mir nach e klengen Tuer iwwert den Maart an der Stad an dann ginn mir op den Zuch/Bus fir Heem – mir kontaktéieren iech dann per SMS soubal mir Sonndes um Réckwee sinn.
WICHTEG Informatiounen:
◊ Et ass wichteg, dass d’Avex virdrun ebëssi schloofen – aus jorelaanger Erfarung kënne mir soen dass en Avex (an och e Carapio oder Raro) den Wee net packt, wann en net virdrun geschlof huet.
◊ Gutt Schong: et musse keng Biergschong sinn, dat wichtegst ass, dass et Schong sinn, wou een weess dass een gutt an laang kann dran trëppelen!
◊ Falls äert Kand/ du den Wee net packs an ënnerwee muss ofbriechen, ass et un Iech äert Kand sichen ze kommen (och wann et 3 Auer an der Nuecht ass)
MATERIALLËSCHT:
◊ Klenge Rucksak
◊ Picknick fir de Wee
◊ Bidon mat Waasser
◊ Uniform + Foulard
◊ Reenjackett
◊ Ersatzpullover (et gëtt méi kal wéi een mengt)
◊ Evtl. ebëssi Täschegeld fir den Maart
UMELDUNG beim jeweilegen Chef