Pèlerinage des Jeunes
WAT ass den Péle des Jeunes?
De Péle des Jeunes ass wéi de Numm et seet en Pélerinage, also eng “Pilgerrees”. Mir “pilgeren” zesummen an d’Stad (+/- 25 km) fir Sonndes den 8. Mee un der Oktavsmass deel ze huelen. Wat ass lo sou besonnesch dodrunner? Besonnesch ass, dass mir an der Nuecht pilgeren, fir pünktlech Moies um 07:30 an der Stad ze sinn.
WOU an WÉINI geet et lass?
Mir starten an der Nuecht vu Samschdes op Sonndes, den 8. Mee um 01:00 beim Chalet Hondsbësch zu Nidderkuer. Den Treffpunkt ass um 00:45, fir dass mir pünktlech fortkommen an eis net stressen mussen. No der Oktav maache mir nach e klengen Tuer iwwert den Maart an der Stad an dann ginn mir op den Zuch/Bus fir Heem – mir kontaktéieren iech dann per SMS soubal mir Sonndes um Réckwee sinn.
WICHTEG Informatiounen:
-
Et ass wichteg, dass d’Avex virdrun ebëssi schloofen – aus jorelaanger Erfarung kënne mir soen dass en Avex (an och e Carapio oder Raro) den Wee net packt, wann en net virdrun geschlof huet.
-
Gutt Schong: et musse keng Biergschong sinn, dat wichtegst ass, dass et Schong sinn, wou een weess dass een gutt an laang kann dran trëppelen!
-
Falls äert Kand/ du den Wee net packs an ënnerwee muss ofbriechen, ass et un Iech äert Kand sichen ze kommen (och wann et 3 Auer an der Nuecht ass)
MATERIALLËSCHT:
-
Klenge Rucksak
-
Picknick fir de Wee
-
Bidon mat Waasser
-
Uniform + Foulard
-
Reenjackett
-
Ersatzpullover (et gëtt méi kal wéi een mengt)
-
Evtl. ebëssi Täschegeld fir den Maart
UMELDUNG iwwer SMS um +352 691 874 457