❗Preparatioun – Buergbrennen

Léif Avex, CaraPio, RaRo, Chef, léif Elteren

Samschdes den 25ten Februar riichte mir eis Konstruktioun fir eist Buergbrennen op.

🗓️ Carapio, Raro a Chef treffen sech um 08h30 beim Chalet Hondsbësch fir d’Material opzelueden.
🗓️ Avex komme fir 09h00 op den Metzkimmert zu Déifferdeng.

Dat ganzt dauert warscheinlech bis ongeféier 16h00. Fir d’Mëttegiessen ass gesuergt: mir bestelle Pizza. Sot eis w.e.g bis den Mëttwoch (22/02) Bescheed, ob dir derbäi sidd.

Mir komme mat folgende Saachen: Rucksak, Bidon mat Waasser, Snack fir de klengen Honger, Täschemesser a Foulard.

Datum

Feb 25 2023
Expired!

Zäit

8:30 - 16:00

Submit a Comment