❗ Raclette Owend

Léif Avex, CaraPio, RaRo, Chef, léif Elteren

Den 27ten an 28ten Januar fënnt am Home St. Joseph (37, rue Paul Eyschen L-4555 Niederkorn) den traditionellen Raclette Owend vun den Frënn vun den Déifferdenger Guiden a Scouten an den Guiden a Scouten Déifferdeng statt. Wéi all Joer zielen mir op är Ënnerstëtzung, fir dass den Owend en Erfolleg gëtt.

D’Avex këmmeren sech déi zwee Owender ëm den Service op den Dëscher. D’CaraPio an d’RaRo bedéngen d’Raclette-Maschinnen an hëllefen an der Kichen beim preparéieren vun den Beilagen.

🗓️ Freides, den 27ten Januar treffen mir eis um 18h30 beim Home St. Joseph. Et wir gutt, wann dir bis 22h30 kéint do bleiwen.
🗓️ Samschdes, den 28ten Januar treffen mir eis um 18h00 beim Home St. Joseph. Et wir gutt, wann dir bis 22h30 kéint do bleiwen.

Mir kommen an Uniform an Foulard. D’Avex, Carapio an Raro déi hëllefen kréien d’Iessen wéi och 1 Softdrink an onbegrenzt Waasser offréiert.

Datum

Jan 28 2023
Expired!

Zäit

18:00 - 22:30

Submit a Comment