❗ Raro-Montée

Léif Raro,

Samschdes, den 12. Oktober ass et erëm Zäit fir eis Montée. Wat ass eng Montée? Montée ass bei den LGS (Lëtzebuerger Guiden a Scouten) den Iwwergang vun enger Branche an déi aner. Meechtens steet d’Montée ënnert engem gewëssen Thema an gestallt sech an Form vun engem Trëppeltour mat Aufgaben/Challengen ënnerwee. Um Enn vun der Montée kréien déi Scouten/Guiden, déi hier Montée gemaach hunn, dann hieren Foulard an den Badge vun der neier Branche iwwerreecht.

Start: 16h00 zu Nidderkuer beim Chalet Hondsbësch (175, av. de la Liberté L-4602 Niederkorn)

Schluss: 23h00 zu Nidderkuer beim Chalet Hondsbësch (175, av. de la Liberté L-4602 Niederkorn) – well mir den Dag duerno Cortège zu Nidderkuer hunn, invitéiere mir iech fir am Chalet ze schlofen, dann kënne mir den Owend gemitterlech zesummen ausklénge loossen

Umeldung: Deng Umeldung ass eréicht final, wanns du dem Désirée 5€ per Payconiq geschéckt hues (691 874 457). Umeldungen sinn bis Mëttwochs, den 9. Oktober méiglech.

Wat muss ech matbréngen?
○ Rucksak mat vollem Bidon, Täschemesser, Täscheluucht
○ Kleeder passend zum Wieder (mir sinn de ganzen Owend dobaussen)
○ Gutt Schong (mir sinn de ganzen Dag ënnerwee)
○ Schlofsak
○ Isomatt/ Feldbett
○ Foulard an Uniform

Datum

Oct 12 2024
Expired!

Zäit

16:00 - 23:00

Plaz

Chalet Hondsbësch
175, av. de la Liberté L-4602 Niederkorn
Website
https://deifferdeng.lgs.lu/hondsbesch.lu/
Kategorien

Submit a Comment