Biber

Logo designed vum Nico Mack

Historique

D’A.S.B.L. ass entstane, well sech e puer fréier an aktiv Guiden a Scouten vun Déifferdeng zesummen gedoen hunn fir den Déifferdenger Guiden a Scouten e Chalet zur Verfügung ze stellen.

Déi éischt Initiative geet ob d’Joer 2000 zeréck. Am Abrëll 2000 gouf déi éischt inoffiziell Versammlung gehalen, bei der et ëm Gedanken zu engem Chalet fir d’LGSD gaangen ass.

No diversen Versammlunge gouf d’A.S.B.L. Frënn vun den Déifferdenger Guiden a Scouten den 5. Januar 2001 offiziell mat der Grënnerversammlung an d’Liewen geruff.