FROEN AN ÄNTFERTEN

Wéi kann ech mäi Kand/mech bei den Déifferdenger Guiden a Scouten aschreiwen?

Fir Member ze gi, geet et duer en Mail un gruppechef.deifferdeng@gmail.com ze maachen. Duerno leede mir dech un déi responsabel Chef weider, fir iwwert déi nächst Aktivitéit informéiert ze ginn. Wanns du dech direkt wëlls aschreiwen, kanns du och en ausgefëllten Umeldungsfichier a Fiche Médicale matschécken. Du fënns dës Ziedelen ënnert Dokumenter.

Wéini sinn d'Versammlungen?

Eis Versammlunge sinn an der Reegel Samschdes beim Chalet Hondsbësch (175, av. de Liberté L-4602 Niederkorn).

Biber (6-8 Joer) – 14.00 bis 16.00 Auer 
Wëllef (8-11 Joer) – 14.00 bis 16.00 Auer
Avex (11-14 Joer) – 14.00 bis 16.00 Auer 
Carapio (14-17 Joer) – 16.00 bis 18.00 Auer 
Raro (17-23 Joer) – 16.00 bis 18.00 Auer, den 2. an 4. Samschden am Mount

Geleeëntlech hu mir och Sortien op aner Plazen, Aktivitéiten un aneren Deeg (z.B. Cortège) oder Weekender mat Iwwernuechtung. Hei kriss du mat Zäite vun de jeeweilege Chef vun der Branche Bescheed gesot oder du fënns d’Infoen an eisem Kalenner.

Wéivill kascht et fir Member ze ginn?

D’Kotisatioun bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) ass 17€ d’Joer. Mam bezuele vun der Kotisatioun gëtt een Member vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten an ass iwwert ee Joer bei der Lalux verséchert. De Mail fir d’Kotisatioun ze bezuele kënnt all Joer am Oktober/November.

Fir Weekender, Sortien, (national) Aktivitéiten oder Campinger kënnen nach weider Käschten fir neit Material uffalen, z.B. Uniform, Schlofsak, Isomatt, Rucksak, Partizipatiounskäschten,…

Wou kann ech eng Uniform kafen?

Déi offiziell Uniform vun den LGS (Lëtzebuerger Guiden a Scouten) kanns du beim Lessure Workwear an der Stad oder zu Nidderaanwen kafen.

Bei de Biber a Wëllef recommandéiere mir, nach keng Uniform ze kafen, well si schnell wuessen an eng Uniform awer ëm déi 45€ kascht. Du kanns awer gären e T-Shirt oder eng Jackett mat eisem Gruppelogo vun Déifferdeng kafen, fir weider Infoen heizou kanns du bei engem vun de Chef nofroen.

PS: An all Branche kréien eis Member ëmmer den éischte Foulard offréiert! Dëse brauchs du also net selwer ze kafen, ausser äert Kand/du géings e verléieren.