Chaos op der Bunn
THEATER 2023BESCHREIWUNG VUM STÉCK
Geschriwwen vum Winnie Abel an iwwersat vum Roby Zenner.
Originaltitel: Es fährt kein Zug nach Irgendwo
“Den Zuch huet eng viraussiichtlech Verspéidung vun 5 Minutten.” Dësen Saz kennen mir all an dowéinst sidd dir beschtens virbereet op eist Theaterstéck. Den Zuch bréngt eis net op déi geduechten Destinatioun, stattdessen sëtzen mir an enger verloossener Gare fest, ouni Handy, ouni Taxi an zousätzlech soll sech ënnert eis och nach en Psychopat befannen.

Wéi gewinnt proposéieren mir insgesamt 4 Datumer:
COMPLET
- Samschdes, den 18. Mäerz um 20h00
- Sonndes, den 19. Mäerz um 18h00
COMPLET
- Samschdes, den 25. Mäerz um 20h00
- Sonndes, den 26. Mäerz um 18h00
PRÄIS
Erwuessener: 10€
Kanner & Scouten (mat Foulard): 5€
Bezuelt gëtt an der Oweskeess!
