geschriwwen vum Claudia Gysel
op Lëtzebuergesch iwwersat vum Sandy Syoen
BESCHREIWUNG VUM STÉCK
Virun engem Joer ass den David Summer, e räichen Architekt, spuerlos verschwonnen. Alles deit drop hin, datt hie mat sengem Auto op enger Biergstrooss verongléckt ass. Seng Fra schéngt sech séier mat hirem neie Liewen offonnt ze hunn, wärend seng Schwëster nach ëmmer un e Wonner gleeft.
Op sengem Doudesdag gëtt säin Auto um Buedem vun engem Séi fonnt – awer ouni Läich. Gläichzäiteg tauchen op eemol Rumeuren op, datt den David nach lieft. Wéi hien sech da souguer selwer ukënnegt, geréit d’Famill an Opreegung.
Wéi gewinnt proposéieren mir insgesamt 4 Datumer:
- Samschdes, den 21. Mäerz um 20h00
- Sonndes, den 22. Mäerz um 18h00
- Samschdes, den 28. Mäerz um 20h00
- Sonndes, den 29. Mäerz um 18h00