❗Buergbrennen 2026 – Virbereedungen
Léif Avex, CaraPio, RaRo, Chef, léif Elteren
️Carapio, Raro a Chef treffen sech um 08h30 beim Chalet Hondsbësch fir d’Material opzelueden.
️Avex komme fir 09h00 op den Metzkimmert zu Déifferdeng.
Dat ganzt dauert warscheinlech bis ongeféier 16h00. Fir d’Mëttegiessen ass gesuergt. Sot eis w.e.g bis Samschdes 14/03 Bescheed, ob dir derbäi sidd.
Bréngt folgend Saache mat: Rucksak, Bidon mat Waasser, Snack fir de klengen Honger, Becher, Täschemesser a Foulard. KENG NEI KLEEDER undoen an och gutt waarm apaacken, mir sinn de ganzen Dag dobaussen.