❗ING Night Marathon – Staff

Léif CaraPio, RaRo, Chef, léif Elteren

Den 31ten Mee fënnt an der Stad erëm den ING Night Marathon statt, bei dem mir säit e puer Joer am Staff hëllefen. Fir eis Hëllef gi mir bezuelt: d’Sue ginn direkt un déi jeeweileg Branchen a kënnen z. B. fir de Camp benotzt ginn.

Samschdes, den 31ten Mee treffe mir eis um 17h30 bei der rouder Bréck (Pont Grande-Duchesse Charlotte) an der Stad (Pfaffenthal). De Schluss wäert ongeféier géint 23h00 sinn.

Transport: den Transport muss jidderee selwer organiséieren. Désirée wäert warscheinlech mam Zuch/Bus an d’Stad an zeréck fueren, ween wëll kann sech do uschléissen.

Mir kommen an Uniform a Foulard.

Datum

May 31 2025

Zäit

17:30 - 23:00
Kategorien

Submit a Comment