❗ Montée

Léif Biber, Wëllef, Avex, Carapio, Chef, léif Elteren

Samschdes, den 7. Oktober ass et erëm Zäit fir eis Montée. Wat ass eng Montée? Montée ass bei den LGS (Lëtzebuerger Guiden a Scouten) den Iwwergang vun enger Branche an déi aner. Meechtens steet d’Montée ënnert engem gewëssen Thema an gestallt sech an Form vun engem Trëppeltour mat Aufgaben/Challengen ënnerwee. Um Enn vun der Montée kréien déi Scouten/Guiden, déi hier Montée gemaach hunn, dann hieren Foulard an den Badge vun der neier Branche iwwerreecht.

Start: 09h00 zu Déifferdeng um Metzkimmert | Carapio: 17h00 zu Bieles um Gaalgenbierg

Schluss: 17h00 zu Bieles um Gaalgenbierg | Carapio: gëtt nach decidéiert

Wat muss ech matbréngen?
○ Klenge Rucksack mat vollem Bidon, Picknick fir den Dag
○ Kleeder passend zum Wieder (mir sinn de ganzen Dag dobaussen)
○ Gutt Schong (mir sinn de ganzen Dag ënnerwee)
○ Foulard
○ Gutt Laun

Datum

Oct 07 2023
Expired!

Submit a Comment