❗ Montée

Léif Biber, Wëllef, Avex, Carapio, Chef, léif Elteren

Samschdes, den 19. Oktober ass et erëm Zäit fir eis Montée. Wat ass eng Montée? Montée ass bei den LGS (Lëtzebuerger Guiden a Scouten) den Iwwergang vun enger Branche an déi aner. Meechtens steet d’Montée ënnert engem gewëssen Thema an gestallt sech an Form vun engem Trëppeltour mat Aufgaben/Challengen ënnerwee. Um Enn vun der Montée kréien déi Scouten/Guiden, déi hier Montée gemaach hunn, dann hieren Foulard an den Badge vun der neier Branche iwwerreecht.

Start: 09h00 zu Kënzeg um Parking nierft der Brasserie Op der Gare (1 Rue de la Gare, 4966 Clemency Käerjeng) | Carapio: 14h30 zu Kënzeg um Parking nierft der Brasserie Op der Gare

Schluss: 15h00 zu Kënzeg um Parking nierft der Brasserie Op der Gare  | Carapio: 22h00 beim Chalet Hondsbësch zu Nidderkuer (175, av. de la Liberté L-4602 Niederkorn)

Wat muss ech matbréngen?
○ Klenge Rucksak mat vollem Bidon, Picknick fir den Dag
○ Kleeder passend zum Wieder (mir sinn de ganzen Dag dobaussen)
○ Gutt Schong (mir sinn de ganzen Dag ënnerwee)
○ Foulard an Uniform
○ Gutt Laun

Datum

Oct 19 2024

Zäit

9:00

Submit a Comment