❗ Montée
Léif Biber, Wëllef, Avex, Carapio, Chef, léif Elteren
Samschdes, den 19. Oktober ass et erëm Zäit fir eis Montée. Wat ass eng Montée? Montée ass bei den LGS (Lëtzebuerger Guiden a Scouten) den Iwwergang vun enger Branche an déi aner. Meechtens steet d’Montée ënnert engem gewëssen Thema an gestallt sech an Form vun engem Trëppeltour mat Aufgaben/Challengen ënnerwee. Um Enn vun der Montée kréien déi Scouten/Guiden, déi hier Montée gemaach hunn, dann hieren Foulard an den Badge vun der neier Branche iwwerreecht.
Weider Detailler kommen zu engem spéideren Zäitpunkt.