❗ Montée

Léif Biber, Wëllef, Avex, Carapio, Raro, Chef, léif Elteren

Samschdes, den 17. Oktober ass et erëm Zäit fir eis Montée.

Wat ass eng Montée? Montée ass bei den LGS (Lëtzebuerger Guiden a Scouten) den Iwwergang vun enger Branche an déi aner. Meechtens steet d’Montée ënnert engem gewëssen Thema an gestallt sech an Form vun engem Trëppeltour mat Aufgaben/Challengen ënnerwee. Um Enn vun der Montée kréien déi Scouten/Guiden, déi hier Montée gemaach hunn, dann hieren Foulard an den Badge vun der neier Branche iwwerreecht.

Start: 09h00 zu Esch um Parking Erënnerungsbësch (https://share.google/7u0nI8LCYiXw4hD7Z | Carapio & Raro: 14h20 zu Esch um Parking Erënnerungsbësch (https://share.google/7u0nI8LCYiXw4hD7Z

Schluss: 15h00 zu Esch um Parking Erënnerungsbësch | Carapio & Raro: Informatiounen zum Schluss kommen nach no

Wat muss ech matbréngen?
○ Klenge Rucksak mat vollem Bidon, Picknick fir den Dag
○ Kleeder passend zum Wieder (mir sinn de ganzen Dag dobaussen)
○ Gutt Schong (mir sinn de ganzen Dag ënnerwee)
○ Foulard an Uniform
○ Gutt Laun

Datum

Oct 17 2026

Zäit

9:00 - 15:00

Plaz

Esch Gaalgebierg

Submit a Comment